D’Eva Marija, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest vertrëtt, schwätzt am Interview iwwer hir Passioun fir de Concours. Dobäi kuckt si net nëmmen op hir eege Participatioun, mee och op d’Geschicht vum Eurovision, déi si inspiréiert. Fir d’Sängerin ass d’Show vill méi wéi e Concours, et ass eng Plattform, déi Mënschen a Musek iwwer Generatioune verbënnt.