West-Coast-Energie, déi d'Fans matrapptDen Xzibit huet e Concert am Atelier gespillt

Claudia Kollwelter
D'Fans vu West-Coast-Hip-Hop koumen en Dënschdegowend am Atelier op hir Käschten.

Och no méi wéi dräi Joerzéngten am Geschäft weess den Xzibit nach ëmmer wéi een e Publikum begeeschtert, dat huet hien en Dënschdeg den Owend am Atelier ënner Beweis gestallt.

Vun den éischte Minutten un hat den Xzibit de Publikum am Grëff. Mat senger markanter Stëmm, enger imposanter Bünepresenz an enger grousser Portioun Charisma konnt de Rapper aus Los Angeles komplett iwwerzeegen. D'Energie, déi hien op d'Bün bruecht huet, ass ganz séier op de Public iwwer gesprongen an all Hip-Hop-Fan koum definitiv op seng Käschten.

De Set war eng gutt Mëschung aus ale Klassiker a méi neie Lidder. Begleet vun der "Furnace Band", mat där hien aktuell op senger "Kingmaker" Tour ënnerwee ass, hunn d'Museker eng Hip-Hop-Show ofgeliwwert, déi virun allem duerch Energie, Erfarung an Authentizitéit konnt punkten. D'Live-Instrumenter hunn dem Concert eng zousätzlech Dynamik ginn.

Ënnert dem Stréch huet den Xzibit dem Lëtzebuerger Publikum e staarken Optrëtt geliwwert. Den Atelier huet sech als ideale Kader fir dëse Concert erwisen, an d'Fans krute genee dat, wat si erwaart haten: eng Portioun klassesche West-Coast-Hip-Hop, presentéiert vun engem Kënschtler, dee mat 51 Joer nach ëmmer weess, wéi een eng Bün dominéiert. E gelongenen Hip-Hop-Owend, deen definitiv Loscht op méi gemaach huet.

Back to Top
CIM LOGO