De Wee op de Eurovision Song Contest erreecht seng lescht Etapp fir d'Eva Marija. Déi 20 Joer al Sängerin ass elo zu Wien, begleet vun hirer Famill, fir sech op d'Bün an der Halleffinall de 14. Mee virzebereeden.
Ier si Lëtzebuerg verlooss huet, waren déi lescht zwou Wochen alles anescht wéi roueg. Der Eva Marija hire Programm war vollgepaakt mat Optrëtter a leschte Virbereedunge virum gréisste Moment vun hirer Carrière.
Sou huet si d'Publikum mat engem spontane Concert am Tram iwwerrascht, gouf an d'éisträichesch Ambassade invitéiert an ass um Bayota Festival zu Bartreng opgetrueden – e bedeitende Moment, well do huet si 2024 un engem Gesangsconcours deelgeholl a gewonnen. Fënnef Deeg virum Fluch op Wien huet d'Eva Marija och hir lescht Danzprouf an der Rockhal ofgehalen an domat hiren Optrëtt finaliséiert.
"Déi lescht Deeg ware wierklech chargéiert. Mee, ech fille mech prett. An ech freeë mech wierklech", sou d'Eva Marija.