Bassist Bob Hardy am RTL-InterviewDe Mëssbrauch vun hirem Hit "Take Me Out" mécht d'Band Franz Ferdinand "physesch krank"

David Winter
Knapps e Mount virun hirem Concert an der Escher Rockhal, hu mir eis mam Bassist vun der bekannter schottescher Rock/Post-Punk Formatioun Franz Ferdinand konnten iwwert seng Léift zu der Musek an och dem Mëssbrauch vun hirer eegener Musek ënnerhalen.
Franz Ferdinand live Enn November 2025 am Autodromo a Mexiko
© YURI CORTEZ/AFP

Wärend engem Dag Paus op hirer momentaner Tour duerch Groussbritannien hu mer d’Geleeënheet gehat, mam Bassist a Grënnungsmëmber Bob Hardy iwwert hire geplangten Optrëtt zu Esch an der Rockhal ze schwätzen. Enn Mäerz geet d’Tour duerch Europa lass, wärend där Franz Ferdinand dann och den 10. Abrëll op Esch an d’Rockhal wäert kommen.

Dass Lëtzebuerg “just” e klengt Passage-Land wier, en Tëschestopp, fir mol en Datum tëscht Frankräich, Däitschland oder der Belsch z’iwwerbrécken, gesäit den Hardy iwwerhaapt net sou. Et wier e Land, an dat d’Band-Memberen ëmmer nees gären zeréckkommen. Dobäi wier et “änlech kleng wéi Schottland, wat d’Awunnerzuel betrëfft” an och déi “eegenaarteg Identitéit” vum Land gefält dem Bassist. Virun oder no engem Concert am Grand-Duché, géif ee gäre mol als Band duerch d’Stad goen, dat géif sech ufille wéi e “Mini-Break”. Ënnert anerem hiren Optrëtt um Rock-A-Field-Festival hätt een als Band ëmmer a gudder Erënnerung, genee sou wéi d’Stëmmung beim Lëtzebuerger Publikum.

D’Léift zu der Musek dreift Franz Ferdinand un

Op d’Fro hin, ob hien et jee bereit huet, professionell Musek ze maachen, ass d’Äntwert zimmlech kloer ausgefall a weist, wéi vill Motivatioun an dëser Band nach stécht, déi et elo scho 24 Joer gëtt: “Ech erënnere mech sou gutt, wéi eng Gefiller Musek a mir als Teenager a jonken Erwuessenen ausgeléist hunn a wéi wichteg Musek deemools fir mech war. Dono war ech dunn op eemol selwer an enger Band, hunn d’Saach also vum anere Point de Vue gesinn an erlieft. An dat ass déi beschte Saach, déi ech jeemools gemaach hunn, et ass einfach genial.” Net méi weider maache mat sengem Job wier just dann en Theema, wann him dat Ganzt kee Spaass méi maache géif, wéi quasi bei allem am Liewen, sou de Bob Hardy, dee wéi gesot no iwwer zwee Joerzéngten net un d’Ophalen denkt.

Hei eng Foto vum Bob Hardy bei engem Live-Optrëtt um Lowlands Festival 2019 an Holland.
Hei eng Foto vum Bob Hardy bei engem Live-Optrëtt um Lowlands Festival 2019 an Holland.
© ROBERTO FINIZIO/NurPhoto via AFP

Musek professionell maachen, kloer, ass keen “konventionellen Job”, dass hien dat awer all Dag maachen dierf, ass fir hien net selbstverständlech: “Musek ass eng komplett aner Saach. Op der Bün stoen, virun engem Public, a Musek spillen...Et ass esou eng Éier, fir dat dierfen als Beruff ze maachen an dovunner ze liewen. An d’Leit kommen eis nach ëmmer kucken, no sou ville Joren. Et ass einfach genial, dat kann ee sech net virstellen. Ech maachen et einfach sou gären.”

Den Impakt vum Internet an de Soziale Medien op d’Musekswelt ass enorm

D’Ziler vun engem Museker sinn a bleiwe wuel déi selwecht, wéi se ëmmer waren: Leit mat hirer Konscht beweegen, Musek schafe mat Déift, mat där ee belount gëtt, wann een et méi oft lauschtert. Ma den Internet hätt dem Museker no vill verännert, virun allem fir de Konsument, awer och de Museker selwer. Positiv wier déi direkt Connection mam Public, wann ee beispillsweis no engem Concert direkt Feedback a Videoe vu Fans geschéckt kritt.

Och dass een elo déi “ganz Geschicht vun der Musek op sengem Smartphone” huet, wier eng genial Saach, sou de Bob Hardy. Museksplattforme wéi Spotify a Co missten awer senger Meenung no strukturell ëmgeduecht ginn, fir dass Kënschtler anescht entlount kënne ginn. Dass e puer Tech-Billionäre sech nach géifen dorunner beräicheren, empfënnt hien als “eekelhaft” an hie wënscht sech, do dogéint eppes maachen ze kënnen a senger Positioun.

E Lidd vu Franz Ferdinand gouf vun der israeelescher IDF mëssbraucht

Eng aner negativ Säit vum Internet ass den deelweise Verloscht vun eegenem Contenu: Kierzlech gouf d’Band nämlech op de soziale Medie mat engem Propaganda-Video vun der israeelescher IDF (Israel Defense Forces) konfrontéiert, dat well hei hiren Hit “Take Me Out” aus dem Joer 2004 als Hannergrondmusek benotzt gouf, dat ouni Zoustëmmung oder Wësse vun der Band. Ënnert anerem de Lead-Sänger Alex Kapranos hat sech op Instagram entsat gewisen an och de Bassist Bob Hardy äussert sech am RTL-Interview änlech:

“Et gëtt mer kierperlech schlecht, mécht mech krank, ech haassen et einfach. Ech hunn de Video selwer net gesinn, ech hu just héieren, wéi driwwer geschwat gouf op eemol. Souwäit ech weess gouf eist Lidd “Take Me Out” lafe gelooss, wärend deem Biller aus dem Krich ze gesi sinn. A mengem Kapp gesäit dat sou aus, wéi wann ee Krich als sou eppes wéi e Videospill wéilt duerstellen, ouni Konsequenzen. Et mécht mech krank. Kee weess wat d’Konsequenzen hei sinn. An da gëtt do einfach e Pop-Lidd am Hanndergrond lafe gelooss...Wisou? Et mécht mech sou rosen. Déi Leit déi dat fabrizéiert hunn, kann een net seriö huelen .”

De Bob Hardy (Bassist) vu Franz Ferdinand
Et mécht de Museker “krank”, wann en drun denkt, dass seng Musek fir d’Propagéiere vu Krich, ouni säi Wëssen, mëssbraucht gouf.

Et wier an der Realitéit schwéier, hei wierklech Schrëtt dogéint anzeleeden, well d’Source vum Video net genee bekannt ass a mëttlerweil och net méi wierklech erëmzefannen ass. Mä et géif weisen, sou de Bob Hardy, wéi einfach een an der digitaler Welt d’Kontroll iwwert seng eege Lidder a seng Aarbecht verléiert.

Hei d’Lidd “Take Me Out”, dat vun der IDF ouni d’Wësse vun der Band fir e Propaganda-Video benotzt huet:

Back to Top
CIM LOGO