RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1976 - Abba, Apple and more

Bob Konsbruck
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© RTL Grafik

Hei fannt Dir déi 20 Lidder aus der Hitmaschinn vum Joer 1976:

Ma d’70er ware net just “Disco”, mee och dat Joerzéngt, an deem de Computer sech immens weiderentwéckelt huet. Ufanks de 70er Jore ware Computere nach riseg Maschinnen, déi just vu Regierungen a grousse Konzerner genotzt goufen. Ma just e puer Joer méi spéit war dat schonn anescht: de Mikroprozesser war erfonnt an huet d’Computere méi kleng, méi gënschteg, a méi performant gemaach.

Woufir ee nach bis viru kuerzem e ganzt Zëmmer gebraucht huet, huet elo op e Schreifdësch gepasst. 1976 war dunn d’Joer, an deem aus dem Computer e Personal Computer gouf, also e PC. An enger Garage am kalifornesche Los Altos hunn zwee Steve’en un hirem éischte Produit geschafft. De Steve Jobs an de Steve Wozniak bauen den Apple I. Kee fäerdege Computer, just eng Platine.

© AFP

Mee: Den Apple I war kompatibel mat gënschtege Bildschiermer an Tastaturen. Et konnt een e relativ einfach un eng normal Tëlee uschléissen. Den Apple I konnt - no haitege Standarden – wierklech net vill. Mee e war eng elegant a relativ gënschteg Léisung fir Leit, déi doheem wollte programméieren. Produzéiert goufen der eng zwee honnert Stéck, wat den Apple I haut zu engem Sammlerstéck mécht. Wat 1976 nach 666,66 Dollar kascht huet, gëtt haut fir 6-stelleg Beträg versteet. Den Apple I ass einfach e Meilesteen. Net nëmmen als éischte Produit vun der Firma Apple, mee och als éischte Computer fir doheem.

Hitmaschinn 1976: Apple I

Am Juli 1976 setzt d’ Viking 1 um roude Planéit op. Bennant ass de Weltraum-Programm no de Wikinger, déi jo als éischte an Amerika gesegelt waren. D’ Viking 1 war en technescht Wonnerwierk. Gestart den 20 August ’75 op Cape Canaveral mat enger Titan Rakéit, huet d’Sond aus zwee Deeler bestan: engem Orbiter, an engem Lander. Nodeems d’Sond am Juni ‘76 eng Emlafbunn vum Mars erreescht hat, hunn déi zwee Deeler sech vunenee getrennt.

Den Orbiter ass an der Emlafbunn bliwwern, de Lander huet de Wee Richtung Uewerfläch vum Mars ageschloen an ass den 20. Juli 1976 och do ukomm. Den Optrag vun der NASA Sond ass nawell éiergäizeg: si soll Biller liwweren, de Buedem ënnersichen, an eng vun de gréisste Froe vun der Mënschheet beäntweren: gëtt et Liewen ausserhalb vun der Äerd? Den Orbiter huet 37’000, de Lander 2300 Biller geliwwert. D’Sond hat och 4 biologesch Experimenter u Bord fir d’Uewerfläch vum Mars ze analyséieren.

Zesumme mat der Viking 2, déi e puer Méint méi spéit geland ass, huet de Projet d’amerikanesch Regierung deemools Ronn eng Milliard Dollar kascht. D’Resultat: onkloer. D’Experimenter weise Verännerungen, déi kéinten vun organeschem Liewe kommen. Awer net mussen. Wie Life on Mars wëll, dee muss also weiderhinn op den David Bowie zréckgräifen. Dee war schonn 1971 esouwäit.

Hitmaschinn 1976: Viking I

1974 haten d’Agnetha, de Björn, de Benny, an d’Anni-Frid de Eurovision Song Contest gewonnen.

Mat hirer “Waterloo” Performance hunn ABBA eng nei Form vu Pop-Show op den ESC bruecht. Flamboyant Kostümer, eng dynamesch Bünepräsenz, a net zulescht e Refrain, deen engem einfach net méi aus dem Kapp goe wëll. 1976, zwee Joer nom ESC Erfolleg, waren ABBA net méi just eng erfollegräich europäesch Pop-Grupp, mee e globale Phänomen.
Dat Joer koum hiren Album ARRIVAL eraus. An de Numm war Programm.

Dancing Queen, “Knowing Me, Knowing You”, Money Money Money, alles op där enger Plack. ABBA waren definitiv ukomm. D’Erfollegsgeheimins vun ABBA ass bis haut d’Rezept vu munchem Radio-Hit: Melodien, déi hänke bleiwen, einfach Texter, an en onverwiesselbare Stil. D’Zäit war politesch ugespaant: Watergate-Affär, Vietnam-Krich, Ueleg-Kris. ABBA haten d’Géigemëttel: e positive Sound, dee vun all deem oflenkt. D’Band huet eis zwou Koppele bestan. 1978 trennen d’Agnetha an de Björn sech privat, 1981 d’Anni-Frid an de Benny.
Kuerz drop war et och mat ABBA als Band eriwwer. Bis den duerchaus erfollegräiche Comeback 2021.

1974 haten d’Agnetha, de Björn, de Benny, an d’Anni-Frid de Eurovision Song Contest gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO