
5 Deeg d'Woch, 8 Stonnen den Dag. Den 1. Januar 1975 gouf d'40-Stonne-Woch per Gesetz bei eis am Land agefouert. E Schrëtt fir deen d'Gewerkschaften laang an haart gekämpft hunn. D'Iddi déi ursprénglech als eng Fuerderung aus dem industrielle Secteur, virun allem der Stolindustrie koum, gouf an den Alldag ëmgesat. Domat sollt d'Gesondheet geschützt ginn a Beruffs-a Privatliewen sollte méi kompatibel ginn. 'Working 9-to-5' war domat Realitéit, an dat bis Haut.

Just d'Paien zu där Zäit waren anescht. De Mindestloun 1975 loung, wéi d'Inspection Générale et ugëtt bei eppes Klengs méi wéi 13.000 Frang wou mer dann ëmgerechent bei ëm déi 330 Euro de Mount leien. 1975 war awer och dat Joer wou de gesetzlechen Index agefouert gouf. E weidere Meilesteen an der lëtzebuerger Sozialpolitik.
Den Diddi Hallervorden an der Kult-Sendung 'Nonstop Nonsens'. Première war am Mäerz 1975. 20 Folgen gouf et, zur Haapt-Sendezäit um 20:15 op der ARD. Eng vun de populäersten humoristesche Serien an de 70er op der Däitscher Tëlee an d'Sprangbriet fir den Dieter Hallervorden als erfollegräiche Komiker. U senger Säit, quasi an alle weibleche Rollen, seng deemoleg Fra Rotraud Schindler oder de Kurt Schidtchen heim beim legendäre 'Pech für die Kuh Elsa'
Mat de kultegste Sketsch ass a bleift awer wuel deen am Prisong. De Gerhard Wollner an den Diddi Hallervorden bei Palim Palim:
Kult duerch an duerch. Eng ganz Rei Sketcher aus der Zäit wou d'Comedy geléiert huet lafen. 'Nonstop Nonsens' mam Dieter Hallevorden huet am Joer 1975 gestart.
Fir net verurteelt ze ginn, léisst de rebellesche Randle McMurphy gespillt vum Jack Nicholson sech an eng psychiatresch Klinik aweisen, wou hien kämpft géint déi autoritär an äiskal Schwëster an der Anstalt. Duerch seng liewensfrou awer riskant Aart a Weis sech ze widdersetzen, encouragéiert hien déi lethargesch Patienten ronderëm hien, sech net alles gefalen ze loossen. D'Geschicht mat enger Onmass kultegen Szenen allerdéngs hëlt en tragescht Enn.
Happy End par konter bei dësem Film. De risege wäissen Hai suergt fir Panik bei den Eenheemechen an Touristen vun enger klenger amerikanescher Plage an e couragéiert Team mécht Juegd op déi Bestie am Waasser. Och iwwer 50 Joer no senger Premiere ass de Film wéinst senger Spannung nach ëmmer absolut Kult an e gëllt als Virreider vun de moderne Summer-Blockbuster. Obwuel e lo net wierklech Loscht op Vakanz beim Mier mécht.