
D'FLTT-Damme si souverän an d'WM gestart an hu sech, ouni Sazverloscht, mat 3-0 géint Guatemala duerchgesat. Sarah de Nutte, Ni Xia Lian an Enisa Sadikovic hunn näischt ubrenne gelooss a géint hir Géignerinne keng Chance gelooss. E Mëttwoch, wann et am Nomëtteg géint de Gruppefavorit Portugal geet, wäert ee gesinn, wat déi éischt Victoire wäert ass.
D'Partië vun den Dammen am Replay:
Fir den Optakt vun der Team-Weltmeeschterschaft hat d'Härennationalekipp et mat Kroatien ze dinn. De Maël van Dessel konnt am éischte Match säi Géigner Frane Kojic iwwerraschen an 3-1 gewannen. An der zweeter Partie war de Luka Mladenovic och gutt ënnerwee, wéi hie géint déi kroatesch Nummer 1 Tomislav Pucar e Saz gewanne konnt an net wäit dovu war, de Match zu senge Gonschten ze dréinen. Déi zwou weider Partien duerno vum jonken Aaron Sahr a vum Van Dessel sollte kloer verluer goen. Nächste Géigner vun den FLTT-Hären ass e Mëttwoch, vu 17 Auer un, de Qatar.
D'Partië vun den Hären am Replay: