Entgéint der allgemenger Meenung, Kanner a Jugendlecher vun haut géife sech manner beweegen, ginn et an de verschiddene Clibb deels awer scho laang Waardelëschten. Deels wéinst dem Manktem un Infrastruktur, ma virun allem awer och wéinst de néidegen Traineren. Konkret Stëmme ginn et keng, ma ëmmer nees héiert ee vun de verschiddene Federatiounen, dass eppes misst ënnerholl ginn.
Am Portrait léiere mir d’Carole Reuter kennen. Déi 35 Joer al Fra huet zanter Jonkem geturnt, ass dunn an d’Liichtathletik gaangen, ma ass ëmmer och no hirer sportlecher Karriär aktiv bliwwen an hirem alen Turnveräin – Le Réveil Bettembourg. An do hätt ee Chance, well et géif momentan kee Manktem un Trainere ginn. Am Géigendeel wier d’Ambiance esou gutt, dass d’Carole elo dräi vun hire fréieren Turnerinnen als Co-Trainer huet. An der Woch kënnt si gäre mol op 10 Stonnen Training halen, ouni d’Preparatiounen, d’Elterenaarbecht an natierlech och d’Kompetitiounen um Weekend. Nieft hirem Job gëtt si hir Zäit gären. Et ass hir Passioun an dofir mécht si et och gären als Benevole. Leider hätte si an hirem Veräin awer de Probleem mat der Infrastruktur, dofir kënne si net all Demande vu Kanner unhuelen a sou bleift ëmmer eng voll Waardelëscht.
Passionéiert ass och d’Laurence Moris. Ouni Vëlo leeft an hirem Liewe bal näischt. Entweder fiert se selwer oder si hält Training zu Dippech am Veräin. D’Cyclisten tëscht 15 a 16 Joer trainéieren haart an iwwer d’Joren hätt ee gemierkt, dass se ëmmer éischter ëmmer méi professionell ginn. A fir et ganz no uewen ze packen, brauch et déi néideg Disziplin, ma och déi néideg Bezuchspersoun. Als Trainer wier een Uspriechpartner fir d'Athleten, ma awer och d’Traineren vun de Federatiounen, wéi och d’Elteren. Iwwert d’Joren huet sech vill am Vëlossport geännert an och d’Technik géing hinnen et méi einfach maachen. An do misst ee mathalen. D’Laurence schafft sech ëmmer nees eran a fir si ass et eng Häerzensaufgab. Och si ass Benevole a kritt keng Sue fir hir Aarbecht. Ma si selwer seet, dass de Cyclissem net déi déckste Reserven hätt an dofir wier si méi frou, et géif all Cent an d’Athlete gestach ginn. An awer wier si der Meenung, dass eng Remuneratioun hinnen en entspriechende Wäert géing entgéint bréngen a si deels méi Unerkennung an der Gesellschaft domadder kéinten erhalen.
Am Escher Volleyball huet viru Kuerzem d’Greta Karotom d’Ekipp vun de 15 a 16 Järegen iwwerholl. D’Schülerin vun enger Deuxième huet grad mol 19 Joer, spillt an der Nationalekipp a wollt sech ganz bewosst als Trainerin an hirem Club engagéieren. Ze jonk fillt si sech net an déi néideg Formatiounen huet si och scho gemaach. An d’Ambitioune si grouss. Iergendwann eng Kéier eng éischt Dammen- oder Härenekipp ze trainéiere wier hire groussen Dram.
Ouni si géing et net goen an et ass hiert Engagement, déi déi Jonk mat um Ball hält. Beim Ministère wier ee sech där Saach och bewosst an et schafft ee scho méi laang un engem Subsid fir Veräiner. D‘Konstrukt am Jugendberäich steet a fält mam Benevolat. Ausser den Nationaltraineren, a verschidde Veräiner aus Federatiounen, déi finanziell besser do stinn, ginn déi mannsten Trainere fir hir Aarbecht bezuelt. Dofir geet ee beim Ministère mat der Initiativ vu "Qualité plus" op de Wee vun enger finanzieller Hëllef fir déi national Veräiner. E Club kann 150 Euro pro Kand ënner 16 Joer kréien, gebonnen un ënnerschiddlech Konditiounen. Sou muss e Veräin Kompetitiounen ausriichten an op d'mannst schonn eng Saison aktiv sinn, a ganz wichteg, d‘Formatioun vun den Traineren ugoen.