Zanter knapp dräi Méint trainéiert de Sportzaldot elo am Saarland. 5 Deeg an der Woch ass de Quentin an der Turnhal an dat meeschtens zwee mol den Dag. Wéi hien nach zu Lëtzebuerg war, hat hien 20 Stonnen Training an der Woch, do sinn der elo nach eng Kéier 10 dobäi komm. Et ass zemools den Training mueres, dee sech geännert huet, erkläert den Turner : "Wou ech am Sportlycée war, hate mir och zwou Stonne moies Training. Mee elo ass wierklech vun 9.30 bis 12 Auer Intensivtraining, also et ass net nëmme Klengegkeeten, et ass wierklech e Kraafttraining, genee dat nämmlecht, wéi an engem Mëttestraining. Dat ass vun der Intensitéit aus scho ganz aneschters."
Neit Land, neien Turnsall an och neien Trainer. Elo ass et de Waldemar Eichenhorn, deen de Quentin duerch seng Übunge guidéiert. Wéi de Sportzaldot virun 3 Méint zu Saarbrécken ukomm war, huet hien erëm bei de Base vum Turnen ugefaangen, esou de Quentin: "Déi zwee éischt Méint, wou ech heihinner komm sinn, hu mer wierklech alles vu vir ugefaangen. Also wierklech elo, ech si komm, ech konnt Doppel-Salto mat Doppel-Schrauf hu mir mat engem Rad nees ugefaangen, dass dee perfekt ass, an dann Araber, an dann ee Salto, an da wann dee gutt ass, vläicht eenanhallwen, an dann, jo, huet dat sech sou opgebaut."
Dat heescht awer net, dass de Comptat d'Saache falsch geléiert huet. Et gi verschidden Aart a Weisen, Elementer duerchzeféieren. Den Trainer Waldemar Eichenhorn erkläert, dass jidder Trainer seng gewëssen Detailer hätt, fir een Element bäizebréngen. Hien hätt sech mam Quentin driwwer ënnerhalen, fir wat hie gäre puer Saachen ännere wéilt an dat hätt de Quentin och ugeholl.
Zanter sengem Ufank an Däitschland huet de Sportzaldot awer och op enger Kompetitioun zu Lëtzebuerg deelgeholl, de Luxembourg Open. Do war et Ufank Abrëll awer net esou gutt gelaf. Dat war awer scho gewosst, well den Turner a säin däitschen Trainer eng Entscheedung missten treffen. De Quentin erkläert: "Entweeder mir fokusséieren elo op de Luxembourg Open, well et waren nëmmen nach aacht Wochen. Dat heescht, et ass wierklech do, wou d'Preparatioun ufänkt. Dat heescht, et war entweeder mir maachen elo d'Basen a mir maachen de Luxembourg Open op d'Säit, fir dass duerno an déi nächst Jore gutt Resultater kommen. Oder et war einfach mir maachen dat wat ech kann a mir maachen et e bësse besser, fir dass et dann an zwee Méint gutt ass. Mee dann, also déi schlecht Säit war einfach, dass een dann déi Basen duerno muss maachen an dat ass da méi no un d'EM an d' EM ass awer méi wichteg."
De Quentin hëlt elo och un däitsche Kompetitiounen Deel. Hei turnt hie schonn zanter leschtem Joer an der zweeter Bundesliga. Elo no dräi Méint huet den Turner aus dem Cosel-Promotiounskader sech gutt am Saarland agelieft. Och wann den Training ee groussen Deel vu sengem Alldag anhëlt, war et dem jonke Sportler och wichteg, nach niewendrun ze studéieren: "Fir mech ass et och wichteg, datt ech eppes nom Turnen hunn, well Turnen ass gutt bis 30 Joer an dann ass awer, schafft ee säi ganz Liewen. Dat heescht, ech wëll och eppes gäre maachen, also eppes maachen, wat ech och gären duerno am Liewen maachen”
De Kontakt mat Lëtzebuerg bleift weiderhi bestoen. De Quentin Brandenburger huet och puermol am Joer Stagë mat senge lëtzebuergeschen Teamkolleegen. Säin neien Trainer hält och enke Kontakt mat der Federatioun an dem lëtzebuergeschen Trainer. Elo läit de Fokus op den Europameeschterschaften, fir déi de Quentin sech scho qualifizéiert huet.