An der StadRonn 6.700 Participanten um 15. Urban Trail

Max Bäcker
D'Organisateure vum Urban Trail konnte sech iwwert en neie Rekord bei de Participante freeën, déi iwwer 4 verschidde Strecken un den Depart gaange sinn.
Ronn 6.700 Participanten um 15. Urban Trail
D’Organisateure vum Urban Trail konnte sech iwwert en neie Rekord bei de Participante freeën, déi iwwer 4 verschidde Strecken un den Depart gaange sinn.

Och wann et an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg Donnerwiedere gouf, war d’Sonn fir den Depart vun der 15. Editioun vum DKV Urban Trail nees um RDV. Ronn 6.700 Athleten hate sech fir déi flott Streck duerch d’Stad ugemellt. En neie Rekord fir de José Azevedo a seng Ekipp, déi ëmmer fest un hire Projet gegleeft hunn.

Op iwwert 14, 18, 27 oder fir déi ganz ambitionéiert 34 Kilometer, fir jideree war eng Distanz mat dobäi. Aus der City judiciaire ass et lass gaangen, eng Kéier laanscht de Palais, duerch de Gronn, iwwert d’Dräi Eechelen a fir déi längste Stréck souguer bis op Hesper.

Ganz Ofspäre konnt een d’Stad awer net, deemno ass eng agespillten Ekipp bei sou engem Event den A an O fir d’Sécherheet vun de Sportler ze garantéieren.

Deemno kann een op eng gelonge 15. Editioun zeréck kucken an da wäert et och net all ze laang daueren, bis ee mat der Organisatioun fir 2027 wäert ufänken.

Back to Top
CIM LOGO