
Zu Samarkand an Usbekistan war den Optakt vun der WTCS-Saison. Dobäi ass dem Jeanne Lehair en exzellent Resultat gelongen. Déi franséisch-lëtzebuergesch Athletin ass no enger Stonn, 54 Minutten an 20 Sekonnen op déi drëtt Plaz komm, hannert der Gewënnerin Beth Potter aus Groussbritannien, déi op den Olympesche Spiller zu Paräis zweemol Bronze gewonnen hat an der Franséisin Léonie Périault, déi 2025 Vizeweltmeeschterin war.
No 1,5 Kilometer Schwamme war d'Jeanne Lehair an enger Zäit vun 19 Minutten an zwou Sekonnen als 16. aus dem Waasser geklommen. D'Vëlosstreck iwwer 40,2 Kilometer huet si an 59 Minutten a 24 Sekonnen als 8. ofgeschloss, an no 34 Minutten an 43 Sekonnen war si déi ofschléissend 10 Kilometer gelaf. D'Jeanne Lehair hat um Enn e Réckstand vun enger Minutt an dräi Sekonnen op d'Gewënnerin Beth Potter.