E "Community Run" gouf um Sonndeg zu Lëtzebuerg organiséiert. Ronn 2.000 Leit stoungen um 10:30 Auer prett am Haff virum Groussen Theater. Lass goung et mat engem "Warm-Up". Leit vun all Alter an aus der ganzer Groussregioun ware beim Event dobäi.
Iwwer déi sozial Medie gouf am Virfeld Reklamm fir dës Course gemaach.
An Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg, der Police an dem CGDIS goung et iwwer vill Kilometer vum Groussen Theater bis bei de Geesseknäppchen. De Spaass, d'Beweegung an d'Gemeinschaft sinn hei grouss geschriwwe ginn. Ukomme war d'Zil. D'Zäit huet keng Roll gespillt.