Déi 18. Editioun vum Festival Elsy JacobsZéisseng - Zéisseng vu 14:30 Auer u live op RTL.lu

RTL Lëtzebuerg
Op RTL.lu an iwwert d'App kënnt Dir déi zwou Coursse vun der 18. Editioun vum Festival Elsy Jacobs live suivéieren.

E Sonndeg, den 3. Mee gëtt déi zweet Etapp iwwer 121,6 Kilometer zu Zéisseng gefuer.

5 World-Tour-Ekippen an 2 Pro-Tour-Ekippen si bei der Editioun 2026 dobäi. Am Ganze sinn 19 Ekippen engagéiert.

Sechs Lëtzebuergerinne si mat um Depart. D'Marie Schreiber (SD Worx-Protime), Layla Barthels (KDM - Pack Cycling Team vzw), Gwen Nothum (Minimax Cycling Team) , Nina Berton, Lena Lallemang souwéi d’Maïté Barthels (Mixed-Ekipp Lëtzebuerg/Island).

Livestream Programm

Sonndeg, 3. Mee 2026
14:30 Auer: Zéisseng-Zéisseng, 121,6 KM
mat Commentaire op englesch vu 14:30 Auer un vum Owen Rogers a Christine Majerus

Startlëscht Elsy Jacobs

Startlist for Festival Elsy Jacobs à Luxembourg 2026

Back to Top
CIM LOGO