Déi grouss Favoritte Mathieu van der Poel a Wout van Aert hu sech beim Klassiker Gent-Wevelgem missen dem Jasper Philipsen (Alpecin-Premier Tech) geschloe ginn. Déi zwee Klassiker-Spezialiste van der Poel a van Aert hu sech wuel op de Koppen op schwéiere Pawee eng 36 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton ofgesat, goufen awer 1 Kilometer viru Schluss nach vum Peloton gestallt. A sou huet d’Decisioun missen am Sprint falen. An hei war no 240,8 Kilometer kee Kraut gewuess géint de Belsch Jasper Philipsen. Op d’Plazen 2 an 3 fueren den Tobias Lund Adresen (Decathlon CMA Team) an de Christophe Laporte vum Team Visma Lease a Bike.
De Wout van Aert (Team Visma / Lease a Bike) fiert um Enn op déi 30. Plaz, iwwerdeems de Mathieu van der Poel (Alpecin-Premier Tech) sech op der 35. Plaz klasséiert.
Aus Lëtzebuerger Siicht war mam Arthur Kluckers just e Coureur aus dem Grand-Duché um Depart. De Cyclist vum Tudor Pro Cycling Team fiert mat engem Retard vu 5 Minutten an 31 Sekonnen als 74. iwwert d’Arrivée.
1 Philipsen Jasper Alpecin-Premier Tech 5:08:03
2 Andresen Tobias Lund Decathlon CMA CGM Team ,,
3 Laporte Christophe Team Visma | Lease a Bike ,,
4 De Lie Arnaud Lotto Intermarché ,,
5 Donaldson Robert Team Jayco AlUla ,,
6 Trentin Matteo Tudor Pro Cycling Team ,,
7 Mozzato Luca Tudor Pro Cycling Team ,,
8 De Gendt Aimé Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team ,,
9 Abrahamsen Jonas Uno-X Mobility ,,
10 Stuyven Jasper Soudal Quick-Step ,,
74 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team 5:31