Cyclissem: Mailand - San RemoTadej Pogacar wënnt Klassiker no Schlusssprint géint Thomas Pidcock

Jeff Birsens
No 298 laange Kilometer war d'Decisioun tëscht den zwee Coureuren un der Spëtzt gefall, wou op en Neits den Tadej Pogacar nach déi meeschte Kraaft an de Been hat.
UAE Team Emirate's Slovenian rider Tadej Pogacar is pictured before the Milan - Sanremo one-day classic cycling race, in Pavia, on March 21, 2026. (Photo by Marco BERTORELLO / AFP)
Den Tadej Pogacar virum Depart vu Mailand - San Remo.
© AFP

E Samschdeg stoung nees den italieenesche Klassiker Mailand - Sanremo um Programm. No 298 Kilometer war et op der Arrivée zu engem spannende Sprint tëscht dem Tadej Pogacar an dem Thomas Pidcock komm, an deem sech de Slowen knapp behaapte konnt. De Wout van Aert ass véier Sekonnen drop zesumme mam Peloton als Drëtten iwwer d’Arrivée gefuer.

De Kevin Geniets ass mat engem Retard vu 16:11 Minutten op déi 153. Plaz komm an den Arthur Kluckers ass kuerz dono mat 16:23 Minutten deen 156. ginn.

Resumé

Relativ fréi nom Depart huet sech e Grupp vun néng Coureuren un der Spëtzt vum Peloton ofgesat, dee sech tëschenzäitlech en Ecart vu gutt véier Minutten erausfuere konnt. Am Grupp waren néng Italieener a mam David Lozano an Alexy Faure Prost nach ee Spuenier an ee Fransous. Fir gutt 250 Kilometer huet sech de Grupp un der Spëtzt vun der Course gehalen, ma wéi et ze erwaarde war, huet virun allem d’Ekipp UAE Team Emirates d’Vitess ëmmer weider ugezunn. De Spëtzegrupp huet donieft eng Rei Coureure verluer a krut och vun engem Verfollger-Grupp Drock gemaach. 33 Kilometer virun der Arrivée gouf et eng Chute vun de Favoritten Tadej Pogacar a Wout van Aert, si konnte kuerz drop awer nees zréck an de Peloton fannen, deen tëschenzäitlech de Spëtzegrupp agefaangen hat.

De Pogacar huet sech séier no vir geschafft an huet et 24 Kilometer viru Schluss mat enger Attack probéiert, op déi den Thomas Pidcock an de Mathieu van der Poel reagéiere konnten. De Slowen wollt et awer net bei deem Spëtzentrio beloossen an huet den Tempo ëmmer weider ugezunn. De Mathieu van der Poel hat ëmmer méi Schwieregkeeten drunzebleiwen an huet misse lassloossen. De Pogacar a Pidcock sinn also zu Zwee an déi lescht gutt fënnef Kilometer gaangen an d’Decisioun sollt an engem Sprint op der Arrivée zu San Remo falen, wou dann de Favorit Tadej Pogacar vun der Ekipp UAE Team Emirates nach déi séierste Been hat. Fir de Slowen ass et déi 110. Profi-Victoire.

Klassement

1 POGACAR Tadej 6:35:49
2 PIDCOCK Thomas ,,
3 VAN AERT Wout 0:04
4 PEDERSEN Mads ,,
5 STRONG Corbin ,,
6 VENDRAME Andrea ,,
7 STUYVEN Jasper ,,
8 VAN DER POEL Mathieu ,,
9 TRENTIN Matteo ,,
10 ZAMBANINI Edoardo ,,

153 GENIETS Kevin 16:11

156 KLUCKERS Arthur 16:23

Back to Top
CIM LOGO