
Den Dän hat 51 Sekonnen Avance op den Éisträicher Felix Gall. Am General ass de Vingegaard elo den Éischten, mat 51 Sekonnen Avance op de Gall. Drëtten ass de Lenny Martinez op eng Minutt an 9 Sekonnen, deen och an der Etapp deen Drëtte ginn ass.
Als beschte Lëtzebuerger koum de Bob Jungels als 93ten op iwwer 28 Minutten un. De Mats Wenzel gouf den 129ten.
De Jungels steet am Generalklassement op der 102ter an de Wenzel op der 114ter Plaz.