
Op der drëtter Etapp vum Tour duerch Katalounien gouf et eng Victoire vum Dorian Godon. De Remco Evenepoel war mam Jonas Vingegaard ee Kilometer virun der Arrivée vir, mä de Belsch ass gefall an doropshi koum et zum Sprint, deen de Godon du souverän konnt wannen.
Domat bleift de Fransous och Leader am General, 11 Sekonne virum Evenepoel, Drëtten ass den Tom Pidcock op 16 Sekonnen.
De Bob Jungels koum als beschte Lëtzebuerger op déi 51. Plaz, mat engem Retard vun 5 Sekonnen. De Mats Wenzel gouf den 102. op iwwer zwou Minutten, wärend de Mathieu Kockelmann mat engem Retard vun 8 Minutten an 28 Sekonnen op Plaz 141 iwwert de Stréch gefuer ass.
Am Generalklassement läit de Bob Jungels op der 105. Plaz (+6.20), de Mats Wenzel ass den 111. (+7.35) an de Mathieu Kockelmann steet op Plaz 126 (+11.04).