CyclissemBei der 102. Editioun vum GP François Faber gouf et eng Victoire vum Arno Wallenborn

RTL Lëtzebuerg
De Charel Meyers an de Philippe Schmit sinn och op de Podium gefuer.

Bei der 102. Editioun vum Grand Prix François Faber huet sech den Arno Wallenborn zu Bech duerchgesat. No 103,5 Kilometer hat hien eng Avance vu 7 Sekonnen op de Charel Meyers. Mam Philippe Schmit huet e weidere Lëtzebuerger de Podium komplettéiert. Hien hat e Réckstand vun enger Minutt an 22 Sekonnen.

Hei fannt Dir d'Resultater vun der 102. Editioun vum GP François Faber.

Back to Top
CIM LOGO