Cyclissem: Omloop NieuwsbladAlex Kirsch bei Victoire vum Mathieu van der Poel op der 24. Plaz

Ted Koob
Den Hollänner huet sech en solitaire virum Tim van Dijke an dem Florian Vermeersch duerchgesat.
© DAVID PINTENS / BELGA MAG / BELGA VIA AFP

Um Samschdeg stoung mam Omloop Nieuwsblad den éischte Klassiker vun der Vëlossaison um Programm. Et goung iwwer 207,2 Kilometer vu Gent op Ninove.

Um Enn konnt sech de Mathieu van der Poel (Alpecin-Premier Tech) mat enger Avance vun 22 Sekonne virum Tim van Dijke (Red Bull - BORA - hansgrohe) duerchsetzen, deen d’Lutte ëm déi zweet Plaz géint de Florian Vermeersch (UAE Team Emirates - XRG) gewanne konnt. De Vermeersch hat 24 Sekonne Réckstand op de Vainqueur. De van der Poel hat ronn 16 Kilometer virun der Arrivée déi entscheedend Attack gesat. Aus Lëtzebuerger Siicht huet sech den Alex Kirsch op der 24. Plaz mat engem Retard vun enger Minutt a 34 Sekonne klasséiert.

D’Etapp gouf vun enger Echappée gepräägt, déi ronn 50 Kilometer virun der Arrivée vu verschiddene Coureuren agefaange gouf. De Mathieu van der Poel hat et och no vir gepackt an huet sech mat 6 Coureuren ofgesat. Ronn 36 Kilometer virun der Arrivée hat de Peloton hannendru schonn e Retard vun iwwer enger Minutt. Mam van der Poel sinn och den Tim van Dijke an de Florian Vermeersch mat virbäi gewiescht. Ronn 16 Kilometer virun der Arrivée huet de van der Poel de Vermeersch an de van Dijke stoe gelooss a gouf net méi agefaangen. De van der Poel konnt déi 56. Victoire a senger Karriär feieren. Den Alex Kirsch ass an engem zweete grousse Grupp hannert dem Vainqueur op der 24. Plaz ukomm.

D’Resultater vun der Course bei den Hären

1 van der Poel Mathieu Alpecin-Premier Tech 04:53:55
2 van Dijke Tim Red Bull-BORA-hansgrohe +22
3 Vermeersch Florian UAE Team Emirates-XRG +24
4 Laporte Christophe Team Visma | Lease a Bike +53
5 De Gendt Aimé Pinarello-Q36.5 Pro Cycling Team +54
...
24 Kirsch Alex Cofidis +01:34

Back to Top
CIM LOGO