Déi 16. Editioun vun de 24 Stonne Vëlo Wëntger huet och dëst Joer nees e grousse Succès kannt. Waren zejoert 754 Leit ageschriwwen, sou hunn 2026 900 Coureuren an d'Pedalle gedréckt.
103 Ekippe waren ugemellt an och 21 Eenzelfuerer ware bei dëser Editioun um Start, déi sinn also déi 24 Stonnen eleng gefuer. Fënnef Dammen- a fënnef Kannerekippen hunn deelgeholl an et waren 11 E-Bike-Ekippen um Rendez-vous.
Am Joer 2007 gouf d'Event eng éischte Kéier organiséiert, deemools am Kader vum Télévie. Wëntger war virun 19 Joer ee vun den Télévie-Zenteren am Land.
A well de Succès sou grouss war, sinn d'24 Stonne Vëlo Wëntger zanterhier all Joer organiséiert ginn.
De Startschoss war e Freideg den Owend ëm 20 Auer. Op der Plaz war vill Animatioun an d'Leit haten och d'Méiglechkeet, op der Plaz ze schlofen.
E Catering war wärend 30 Stonnen assuréiert. De Parcours war 3,5 Kilometer laang an et goung vu Wëntger iwwer Béigen a Lëllgen.