
Uerg Bëschbränn a Frankräich an a Spuenien hunn zanter Freideg bal 300.000 Persounen dozou gezwongen, hir Haiser a Vakanzeplazen ze verloossen. Den Autoritéiten no si bis ewell an den Departementer Gironde a Landes am Südweste vu Frankräich knapp 220.000 Mënschen evakuéiert ginn.
A Spuenien goufen Informatioune vum Inneministère no eleng an der Regioun ëm Madrid ronn 70.000 Leit opgefuerdert, sech a Sécherheet ze bréngen. Den Autoritéiten no war de Brand do "net méi ze läschen".
De franséischen Inneminister Laurent Nuñez huet betount, datt d'Land nach ni Bränn an esou engem Ausmooss erlieft hätt, an huet versprach, "alles ze maachen", fir d'Stad Bordeaux ze schützen.
De franséische President Emmanuel Macron huet Informatioune vu sengem Ëmfeld no d'Arméi opgefuerdert, sech ze mobiliséieren an de Schutz vun der Bevëlkerung "mat maximaler Verstäerkung" ze ënnerstëtzen.
De Premierminister Sébastien Lecornu hat fir e Freidegowend spéit e Krisestaf mat Vertrieder vu verschiddene Ministèren aberuff. Hien huet erkläert, datt am Ganze 1.500 Zaldoten agesat géife ginn, fir géint d'Flamen unzekämpfen. D'Feier huet an der Géigend schonn eng Fläch vun 100.000 Hektar zerstéiert.
E lokale Vertrieder huet gewarnt, datt d'Feier sech a Richtung Bordeaux géif beweegen. D'Autoritéiten hunn dofir "aus Virsiicht" d'Evakuatioun vu siwe Gemengen an der Géigend vun der Stad Bordeaux am Südweste vu Frankräich ordonéiert.
Zu Bordeaux gouf dann och de Rettungsplang aktivéiert. 5.000 bis 6.000 evakuéiert Persoune sinn an enger grousser Ausstellungshal a Sécherheet bruecht ginn, schreiwe franséisch Medien.
D'Verkéiersinformatiounssäit Bison Futé huet d'Automobilisten opgefuerdert, d'Stroossen an der betraffener Regioun ze meiden, fir d'Weeër fir Rettungsdéngschter fräi ze halen. Och déi franséisch Bunn réit vun Deplacementer an déi betraffe Géigend of.
Op der bei Touriste beléifter Hallefinsel Cap-Ferret hunn d'Autoritéiten eng komplett Evakuatioun ordonéiert. Ronn 44.000 Awunner an Touristen hunn d'Gebitt iwwer déi eenzeg Strooss a Richtung Bordeaux oder mam Boot iwwer de Bassin d'Arcachon verlooss.
Méi wéi 800 Persoune sinn de Responsabele vun der Stad no iwwer de Waasserwee op Arcachon geflücht. Vun den 1.000 Pompjeeën, déi géint de Brand bei Cap-Ferret am Asaz sinn, goufen der eng 40 blesséiert, sou d'Autoritéiten.

Dem Parquet no kéint de Brand duerch eng Maschinn ausgeléist gi sinn, déi bei Aarbechten un enger Héichspannungsleitung agesat gouf. D'Benotze vun dëser Maschinn war zu deem Zäitpunkt nach erlaabt.
De Parquet ermëttelt donieft nach géint zwee Männer, déi d'Liewe vun anere Persounen a Gefor solle bruecht hunn, nodeems si beim Fëmmen a Bëschgebidder erwëscht goufen. Bei engem vun hinnen hunn d'Gendaarme festgestallt, datt hien den Dag virdrun nieft sengem Camp e Grill ugefaangen hat.
Am Ganze waren d'Rettungsdéngschter a Frankräich den Aussoe vum Inneminister Nuñez no géint 32 aktiv Bëschbränn vu verschiddene Gréissten am Asaz. Zënter dem Ufank vum Joer si schonn iwwer 50.000 Hektar Land verbrannt, bal dräimol esou vill wéi an der selwechter Period d'lescht Joer.
A Spuenien huet sech d'Situatioun ronderëm Madrid weider verschäerft. De grousse Brand wier "op sengem Héichpunkt" an aktuell "net ze läschen", sot de Chef vum Katastropheschutz vun der Regionalregierung, Carlos Novillo. Wéinst staarkem Wand kéint d'Feier sech nach weider ausbreeden.
Ënnert de 63.000 Leit, déi evakuéiert goufen oder opgefuerdert goufen, an de Gebaier ze bleiwen, waren dem spueneschen Inneministère no och 5.000 Touristen op engem Camping. D'Regionalpresidentin Isabel Díaz Ayuso huet vum "schlëmmste Brand an der Geschicht" vun der Regioun Madrid an enger "Katastroph" geschwat.
Zwee vun den dräi Bränn westlech vun der spuenescher Haaptstad sinn den Autoritéiten no schonn zu engem grousse Feier zesummegewuess. D'Feier huet sech a Richtung vun der Gemeng Navas del Rey, ronn 50 Kilometer vu Madrid ewech, ausgebreet a stoung kuerz virdrun, sech mat engem weidere Bëschbrand an der Nopeschregioun Kastilien a León ze verbannen.

Spuenien huet wéinst de Bränn den nationalen Noutstand declenchéiert. De spuenesche Premier Pedro Sánchez wëll sech e Samschdeg zesumme mam Inneminister Fernando Grande-Marlaska e Bild vun der Situatioun zu Cenicientos bei Madrid maachen an un enger Krisesëtzung deelhuelen.
De Sánchez huet vun enger "dramatescher Situatioun" a verschiddene spuenesche Provënzen an an den Nopeschlänner geschwat.
Am Zesummenhang mam Brand zu Ávila huet déi spuenesch Gendarmerie eegenen Aussoen no e Mann festgeholl. Informatioune vun der Guardia Civil no soll hien eng landwirtschaftlech Maschinn an engem Gebitt agesat hunn, wou dat wéinst der héijer Brandgefor strikt verbuede war.
Déi dobäi entstane Funke kéinten de Brand ausgeléist hunn. Géint eng weider Persoun gëtt ermëttelt.
D'Bëschbränn a Spuenien hunn och d'US-Raumfaartagence NASA dozou gezwongen, eng vun hire weltwäiten Äerdbuedem-Statioune fir Kommunikatioun ze evakuéieren. D'Flame waren iwwer de Site zu Robledo, ronn 65 Kilometer westlech vu Madrid, ewech gezunn.
Méiglech Schied géifen eréischt bewäert ginn, wann dat ouni Gefor méiglech wier, esou d'US-Agence.
Méi positiv huet sech d'Situatioun dogéint zu Guadalajara nordëstlech vu Madrid entwéckelt. Do hat de Brand Aussoe vun den Secouristen no ronn 32.000 Hektar erfaasst, awer u Kraaft verluer.
D'Awunner vu 14 Gemengen hunn dierfen zeréckkommen, an déi militäresch Noutfallunitéit huet sech zeréckgezunn. Geläscht war de Brand allerdéngs nach net.
D'EU huet der Europäescher Kommissioun no véier Läschfligeren a Spuenien an dräi a Frankräich geschéckt. Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet erkläert, Däitschland wier bereet, Frankräich am Kader vum europäesche Katastropheschutzmechanismus ze ënnerstëtzen.
Och an Italien kämpfen d'Rettungsdéngschter weider géint vill Bränn. Besonnesch betraff si Sizilien a Kalabrien.
Eleng op Sizilien goufen e Freideg Dosende Bränn gemellt.
Wëssenschaftler warnen, datt déi duerch de vum Mënsch verursaachte Klimawandel ëmmer méi heefeg an intensiv Hëtztwellen de Risiko vu Bëschbränn däitlech erhéijen. D'Dréchent an déi aussergewéinlech Hëtzt hunn d'Vegetatioun a groussen Deeler vu Südeuropa staark ausgedréchent an d'Läschaarbechten zousätzlech erschwéiert.