ATP-FinalsZverev an den Halleffinallen, Nadal eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
Den Titelverdeedeger Alexander Zverev huet duerch eng 2-Saz-Victoire géint den Daniil Medwedew d'K.o.-Ronn bei den ATP-Finals erreecht.
© AFP

E Freideg den Owend sinn an der Gruppephas vun den ATP-Finals zu London déi lescht Decisioune gefall. Den Alexander Zverev huet et hei nach an d'Halleffinalle gepackt. Den 22 Joer alen Däitschen huet sech mat 6:4 a 7:6 (7:4) géint de Russ Daniil Medwedew duerchgesat a sech domadder déi zweete Plaz am Grupp A geséchert.

De Rafael Nadal gouf duerch d'Victoire vum Zverev eliminéiert. De Spuenier hat sech e Freideg de Mëtteg an engem richtege Krimi no 2 Stonnen an 51 Minutte wuel mat 6:7 (4:7), 6:4 a 7:5 géint de Griich Stefanos Tsitsipas behaapt, ma duerch d'Néierlag géint den Zverev e Méindeg ass hien awer eraus.

Am Grupp B ware schonn en Donneschdeg d'Decisioune gefall. Hei hu sech den Éisträicher Dominic Thiem an de Schwäizer Roger Federer déi zwou éischt Plaze geséchert.

E Samschdeg kënnt et an den Halleffinallen zu folgenden Dueller:

Dominic Thiem - Alexander Zverev

Stefanos Tsitsipas - Roger Federer

Back to Top
CIM LOGO