
Am Riseslalom vun de Männer zu Naeba a Japan konnt sech de Kroat Filip Zubcic duerchsetzen. 2 Minutten a 37 Sekonnen huet hie fir d'Descente gebrauch. 0,74 Sekonne méi lues war de Marco Odermatt aus der Schwäiz, deen op d'Plaz 2 kënnt. Déi drëtte Plaz ass fir den Tommy Ford aus den USA.
Bei den Damme konnt den Heempublique direkt eng Duebel-Victoire feieren. D'Lara Gut-Behrami huet d'Streck no enger Minutt 27 Sekonnen an 73 Honnertstel hannert sech bruecht. Domadder war si 2 Honnertstel méi séier, wéi d'Corinne Suter. D'Plaz 3 ass fir d'Nina Ortlieb aus Éisträich, déi 5 Honnertstel Retard hat.