
De Ruben Querinjean huet sech op der Liichtathletik-Europameeschterschaft zu Birmingham an England souverän fir d'Finall iwwer 3.000 Meter Steeple qualifizéiert. De Lëtzebuerger ass en Donneschdeg de Mëtteg am zweete Virlaf mat enger Zäit vun 8 Minutten, 34 Sekonnen a 7 Honnertstel op déi véierte Plaz gelaf. Déi éischt aacht Leefer aus all Virlaf hunn den Ticket fir d'Finall geléist.
De Lëtzebuerger Sportler vum Joer huet sech déi ganz Course iwwer ëmmer an den éischte Positiounen opgehalen.
D'Finall ass e Sonndeg um 21:50 Auer Lëtzebuerger Zäit.