Et gëtt just eng Course am Cross-Duathlon pro Joer zu Lëtzebuerg ausgedroen an dëst zielt gläichzäiteg och als nationaalt Championnat.
Nodeems sech d'lescht Joer de Christopher Bernard duerchsetze konnt, dësen awer dëst Joer net méi ugetrueden ass, konnt sech dëst Joer bei den Häre de Laurent Reichling virum Yannick Lieners an dem Pol Flesch duerchsetzen. Bei den Dammen goung den Titel un d'Sandra Lieners. Lëscht Joer konnt sech hei d'Carmen Coljon gewannen.