Spectateuren erlaabtTickete fir Matcher géint Liechtenstein an Zypern vun elo un am Verkaf

RTL Lëtzebuerg
Déi Lëtzebuerger Futtball-Federatioun huet Méindeg kuerz viru 15 Auer matgedeelt, datt déi 1.932 Tickete vun elo un am Virverkaf ze kréie sinn.

De 7. Oktober spillt d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp am Stade Josy Barthel e Frëndschaftslännermatch géint Liechtenstein an dann dräi Deeg drop huet een an der Nations League Zypern heiheem op Besuch.

Fir béid Matcher huet d'FLF eng begrenzten Zuel un Ticketen, 1.932 Stéck, an d'Vente ginn, dat nodeems d'Regierung an d'Stad Lëtzebuerg gréng Luucht ginn haten. D'Tickete kritt een all op

luxembourg-ticket.lu.

De Präis vum Ticket läit tëscht 10 a 15  Euro fir de Match géint d'Lichtenstein an tëscht 10 an 20 Euro fir de Match géint Zypern. All d'Detailer am Communiqué.
PDF: Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO