Liichtathleetik-EMPatrizia van der Weken leeft an der 100m-Finall op déi 6. Plaz

Jeff Birsens
Mat der Decisioun op den 100 Meter vun den Damme stoung bei der Liichtathleetik-EM direkt um 1. Dag een Héichpunkt um Programm.
(From L) Poland's Krystsina Tsimanouskaya, Britain's Amy Hunt, Luxembourg's Patrizia Van Der Weken, Switzerland's Salome Kora, Portugal's Tatjana Pinto, Britain's Dina Asher-Smith and Germany's Gina Luckenkemper compete in the women's 100m semi-final 1 during the European Athletics Championships at Alexander Stadium in Birmingham on August 10, 2026. (Photo by Paul ELLIS / AFP)
D'Patrizia van der Weken ass an der 1/2-Finall zu Birmingham déi Zweet ginn.
© AFP

Um éischten Dag vun der Liichtathleetik-EM ass d'Patrizia van der Weken an der Finall vun den 100-Meter-Sprint mat 11.10 Sekonnen op déi 6. Plaz gelaf. E Méindeg den Owend kuerz no 22:50 Auer war de Startschoss vun der Finall zu Birmingham gefall, wou sech um Enn d'Brittin Amy Hunt mat engem Chrono vun 11.00 Sekonnen den EM-Titel huele konnt. Hannendrun hunn et d'Polin Ewa Swoboda (11.02 Sekonnen) an d'Belsch Delphine Nkansa (11.06s) op de Podium gepackt.

Gold medallist Britain's Amy Hunt celebrates after winning the women's 100m final during the European Athletics Championships at Alexander Stadium in Birmingham on August 10, 2026. (Photo by Paul ELLIS / AFP)
D'Brittin Amy Hunt ass nei Europameeschterin op den 100 Meter.
© AFP

Véiertséierst Zäit an den 1/2-Finallen

An der éischter Manche vun den 1/2-Finalle war d'Lëtzebuerger Sprinterin e Méindeg den Owend ëm 21:10 Auer mat engem Chrono vun 11.08 Sekonnen op déi 2. Plaz komm a konnt sech domat direkt fir d'Finall qualifizéieren. Déi éischt Plaz war mat enger Zäit vun 10.99 Sekonne fir d'Favorittin Amy Hunt aus Groussbritannien.

An der zweeter an drëtter Manche vun den 1/2-Finalle konnte sech direkt duerno nach d'Schwäizerin Géraldine di Tizio.Frey, d'Italieenerin Zaynab Dosso, d'Polin Ewa Swoboda an d'Belsch Delphine Nkansa den Ticket fir d'Finall sécheren. Déi zwou séierst rechtlech Zäite koumen allebéid aus der 1. Manche. D'Brittin Dina Asher-Smith mat 11.10 Sekonnen an d'Schwäizerin Salomé Kora mat 11.12 Sekonnen hunn d'Finall da komplettéiert. Iwwergräifend war d'Patrizia van der Weken dee véiertséierste Chrono vun den 1/2-Finalle gelaf.

Wéini d'Vera Bertemes an de Ruben Querinjean op der Liichtahtleetik-EM 2026 am Asaz sinn, fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO