
De 5-fache Biathlon-Weltemeeschter an Olympia-Gewënner an der Häre-Staffel Emilien Jacquelin soll de 16. August fir déi éischte Kéier un den Depart vun enger Vëlo-Stroossecourse goen. No der Polynormande ass den 31 Joer ale Fransous och fir den Tour du Limousin vum 18. - 21. August a Frankräich ageplangt.
Den Emilien Jacquelin huet Enn Mäerz e Kontrakt iwwer 6 Méint bei der franséischer Vëlosekipp Decathlon-CMA CGM, bei där ënner anerem de Véierten aus dem Tour de France vun dësem Joer, de Paul Seixas, fiert. Ufank Mee hat sech de Jacquelin d'Schlësselbeen gebrach, dat huet hien awer net dovun ofgehalen ze trainéieren. "Déi zwou Nominéierunge sinn e wichtege Schrëtt op menger Rees. Mäin Zil ass et, alles fir d'Ekipp ze ginn", esou de fréiere Biathlon-Weltmeeschter.
Den Emilien Jacquelin ass keen Eenzelfall. Virum 31 Joer ale Fransous sinn och schonn aner bekannt Sportler eriwwer an de Cyclissem gewiesselt. Mat ënner anerem dem Drëtte vum Tour de France 2025, dem Florian Lipowitz, huet well en anere fréiere Biathlet d'Schier mam Vëlo getosch. De Primoz Roglic dogéint war virdru Schisprénger.
De groussen Ënnerscheed vum Emilien Jacquelin par rapport zu Lipowitz a Roglic ass, datt de Fransous am Wanter rëm am Biathlon wëll ugräifen. De Gesamtweltcup-Fënnefte vun der leschter Saison wëll 2030 bei den Olympesche Wanterspiller a Frankräich mat dobäi sinn.
Enn August oder spéitstens Ufank September soll de 5-fache Biathlon-Weltmeeschter nees am Training sinn. "Wann et méi spéit gëtt, da musse mir kucken, wéi mir säi Retour an de Biathlon gestalte kënnen", sou de franséische Biathlon-Nationaltrainer Simon Fourcade géintiwwer der Zeitung L'Equipe. Donieft wier et dem Fourcade no méiglech, datt den Emilien Jacquelin déi ganz Biathlon-Saison kéint verpassen, wann hien net mat Zäit zeréck am Training wier.