Problemer mat Anti-Doping-AgenceRussland kéint fir Olympesch Spiller 2020 zu Tokyo ausgeschloss ginn

RTL Lëtzebuerg
Déi russesch Agance soll international Standarden net respektéiert hunn.

Russland kéint bei den olympesche Spiller d'nächst Joer zu Tokio ausgeschloss ginn, sollten sech d'Reproche géint déi russesch Anti-Doping-Agence confirméieren.

Wéi eng onofhängeg Kommissioun vun der Welt-Anti-Doping-Agence, déi de Fall gepréift huet, matdeelt, hätt déi russesch Agence international Standarden net respektéiert. Dofir fuerdert si elo haart Konsequenzen. Hannergrond ass de Skandal ëm déi russesch Anti-Doping-Agence, géint déi 2018 eng Spär géint Oploen opgehuewe gouf.

Eng Oplo war, datt d'Russen Doping-Daten aus de Joren 2012 bis 2015 sollten der WADA ginn. Allerdéngs koum duerno de Verdacht op, datt d'Date manipuléiert goufen.

Back to Top
CIM LOGO