NFLRavens iwwerrennen Texans, onschéin Zeenen tëscht Browns a Steelers

RTL Lëtzebuerg
Weider konnten och d'49ers an d'Patriots hir Matcher gewannen an d'Falcons waren de Panthers däitlech iwwerleeën.
© AFP

Et war e gudden Dag fir de Matt Ryan seng Falcons. Beim Divisional Rival aus Carolina konnten d'Falcons richteg dominéieren. 10 Punkten am éischte Quarter, 10 am zweeten an esou en 20:0 Virsprong an der Paus vum Match. Si konnte souguer nach op 26:0 erhéijen, éier d'Panthers déi éischt an eenzeg 3 Punkte gemaach hunn. De Koo konnt dann zum Schluss nach eng Kéier säi gudde Fouss weisen an huet nach fir den 29:3 gesuergt. Opfälleg war da grad e Matt Ryan, deen 21 vun 31 Päss un de Mann bruecht huet an 311 Yards domadder konnt erspillen. Säi Géigeniwwer Kyle Allen huet esouguer 325 Yards erpasst, ma just 31 vu 50 Bäll koumen un a 4 vun senge Passe sinn an den Hänn vun engem Verdeedeger gelant.

Laang hat et gutt fir d'Cardinals ausgesinn, wéi si bei de 49ers ugetruede sinn. 9:0 no 15 Minutten, 16:10 no 30 an ëmmerhin nach 19:17 no 45. Ma an de leschte 15 Minutten huet den Jimmy Garoppolo vun de 49ers a seng Offense richteg Gas ginn. Ganzer 19 Punkten hu si an deene 15 Minutte markéiert an hir Defense huet just 7 Punkte zougelooss. A grad de 49ers Quarterback ass opgefall: 424 Yards, 4 Touchdowns, 2 Interceptions. An dobäi 34 vu 45 Passen un de Mann bruecht. Dat sollt dann och duergoen, fir de Match géint d'Cardinals ze dréien an zum Schluss 36:26 ze gewannen.

Offensiv war dogéint net ganz vill lass, wéi d'Patriots bei den Eagles ugetruede sinn. An der Paus stoung et nach 10:9 fir Philadelphia, ma dono huet d'Defense vun de Patriots gewisen, wisou si zu de Beschten an der Liga zielen. 0 Punkten hu si an der zweeter Hallschent zougelooss, 8 konnt hir Offense maachen an esou de Match 17:10 gewannen. E ganz opfällege Spillzouch gouf et dann och vun de Patriots. Hire Receiver Julian Edelmann huet eng Pass fir 15 Yards gemaach, déi dann och zu engem Touchdown gefouert huet.

Eng staark Defense haten d'Ravens dann och doheem géint d'Texans. Si hunn een Touchdown am ganze Match zougelooss, dat am Laf vum leschte Quarter. Am Laf vum Match huet hir Offense dann och gewisen, wat si drophunn. 14 Punkten am zweete Quarter, 13 am drëtten an nach eng Kéier 14 am véierten. Esou wanne si dëse Match kloer mat 41:7. Kucke mer op d'Statistike vum Lamar Jacksen, Quarterback vun de Ravens: 17 vu 24 Passen fir 222 Yards huet hien un de Mann bruecht, keng dovunner gouf ofgefaangen. Donieft huet hie 4 Mol de Ball an d'Endzone bruecht an ass selwer fir 86 Yards gelaf.

Eng ganz ellen Zeen gouf et dann en Donneschdeg, wou d'Browns 21:7 géint d'Steelers gewonnen hunn. De Match war gelaf an d'Steelers hate keng Chance méi op d'Victoire. Ma de Myles Garrett, Defenseur vun de Browns, ass ausgeflippt an huet de Quarterback vun de Steelers Mason Rudolph mat deem sengem eegenen Helm attackéiert a geschloen. Dem Rudolph seng Offense Line Spiller sinn dertëscht gaangen an hunn de Garrett haart op de Buedem gehäit an den Maurkice Pouncey huet op hien ageschloen. De Garrett an de Pouncey goufe vum Feld gehäit, béid wäerten och eng Strof kréien. Ma de Garrett riskéiert eng Strof vun iwwer enger Millioun Dollar an hie wäert emol op d'mannst kee Match dës Saison méi spillen. De Pouncey krut dräi Matcher sperr an de Ogunjobi vun de Browns och ee Match. Och de Mason Rudolph kéint nach eng Strof kréien, well hien, nodeem de Garrett hie gehit hat, him als éischt um Helm gezunn hat. Hie kënnt wuel mat enger Geldstrof dovun.

All d'Resultater am Iwwerbléck

Steelers - Browns 7:21

Falcons - Panthers 29:3

Cowboys - Lions 35:27

Jaguars - Colts 13:33

Bills - Dolphins 37:20

Texans - Ravens 7:41

Broncos - Vikings 23:27

Jets - Redskins 34:17

Saints - Buccaneers 34:17

Cardinals - 49ers 26:36

Bengals - Raiders 10:17

Patriots - Eagles 17:10

Bears - Rams 7:17

Chiefs - Chargers 24:17

Back to Top
CIM LOGO