
Do spillen déi 8 bescht Lëtzebuerger Spiller vun der Saison géinteneen, dat ganz nom Modell vun den ATP- an de WTA-Finals.
Um Méindeg war den Tirage vun deenen verschiddene Poulen. Souwuel bei den Damme wéi och bei den Häre ginn et zwou Gruppe mat all Kéier 4 Spiller.
Mat der 5. Editioun kann een dëst Joer e klengen Anniversaire feieren, esou de President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun Claude Lamberty. Et gëtt de Champion vun de Champione gesicht.
Iwwert d'ganzt Joer muss ee bei nationalen Tournoie Punkte sammelen, fir beim FLT-Masters kënnen dobäi ze sinn. Dës Kéier gëtt et e richteg interessante Mix aus ganz jonken Talenter a verschiddene Routinieren.
E Mëttwoch geet et da mat de Gruppematcher lass. "Spëtzentennis vu Spiller, déi sech fir den Davis Cup an de Fed Cup wëlle qualifizéieren. D'Gruppematcher sinn e Mëttwoch, Donneschdeg an e Freideg, d'Halleffinalle sinn e Samschdeg an d'Finallen e Sonndeg.", esou den FLT-President Claude Lamberty.
Bei den Hären ass den Titelverdeedeger Chris Rodesch nees dobäi. Bei den Damme gëtt awer eng Nofollgerin vum Eléonora Molinaro gesicht, déi dëst Saison jo op der Profi-Tour ënnerwee war.
Rout Grupp:
Christophe Toll
Christophe Nickels
Charles Berna
Nicolas Weckerle
Blo Grupp:
Robi Tholl
Tom Diederich
Gilles Kremer
Chris Rodesch
Giel Grupp:
Tatiana Silbereisen
Lucie Rabiot
Liz Badde
Tiffany Cornelius
Wäiss Grupp:
Claudine Schaul
Laura Correia
Kylie Merlevede
Anne Grethen