Australian OpenOut fir Kerber, Nadal mat Krämpes géint Kyrgios

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg goufe bei den Australian Open déi lescht Aachtelsfinalle gespillt.
© AFP

Hären

Den Dominic Thiem hat a senger Aachtelsfinall wéineg Problemer mat sengem Géigespiller Gaël Monfils. Den Éisträicher wënnt de Match kloer mat 6:2, 6:4 a 6:4. Elo kënnt et zum Duell mam Rafael Nadal. De Spuenier hat a senger Aachtelsfinall awer nawell Krämpes mam Lokalmatador Nick Kyrgios. Um Enn huet de Spuenier mat 6:3, 3:6, 7:6 a 7:6 gewonnen.

De Stan Wawrinka huet da fir eng kleng Iwwerraschung gesuergt. De Schwäizer konnt nämlech de Russ Daniil Medvedev eliminéieren. An engem richtege Krimi gewënnt de Stan the Man um Enn mat 6:2, 2:6, 4:6, 7:6 a 6:2. An der Véierelsfinall muss de Schwäizer elo géint den Alexander Zverev untrieden, dee kloer mat 3 Mol 6:4 géint de Rublev gewanne konnt.

Den Tennys Sandgren huet et fir déi zweete Kéier a senger Karriär an d'Véierelsfinall vun engem Grand Slam gepackt. Den US-Amerikaner war dem Fabio Fognini mat 7:6, 7:5, 6:7 a 6:4 iwwerleeën. Am nächsten Tour dierft et awer ganz schwéier ginn, do heescht de Géigner nämlech Roger Federer. De Schwäizer huet an der Aachtelsfinall de Marton Fucsovics mat 4:6, 6:1, 6:2 a 6:2 eliminéiert.

De Milos Raonic huet bei dësem Tournoi nach net eng eenzeg Kéier misse säi Service ofginn a steet domat och souverän an der Véierelsfinall. Och géint de Marin Cilic hat hie keng Problemer, de Kanadier konnt sech mat 6:4, 6:3 a 7:5 duerchsetzen. An der Ronn vun de leschten 8 kritt hien awer ee ganz schwéiere Géigner an zwar d'Nummer 2 vun der Welt, den Novak Djokovic, deen an der Aachtelsfinall kuerze Prozess mam Diego Schwartzman gemaach huet.

Dammen

D'Nummer 1 vun der Welt, d'Ashleigh Barty aus Australien, steet no enger knapper Victoire géint d'Alison Riske an der Véierelsfinall vun den Australian Open. An do kritt d'Barty et elo mam Petra Kvitova ze dinn. D'Tschechin konnt sech an hirer Aachtelsfinall nämlech mat 6:7, 6:3 a 6:2 géint d'Maria Sakkari duerchsetzen.

An enger reng amerikanescher Aachtelsfinall konnt sech d'Sofia Kenin mat 6:7, 6:3 a 6:0 géint d'Coco Gauff duerchsetzen. An do kritt si et iwwerraschend mam Ons Jabeur aus Tunesien ze dinn. Déi konnt sech nämlech mat 7:6 a 6:1 géint d'Chinesin Wang duerchsetzen.

Weider steet och d'Anett Kontaveit aus Estland an der Ronn vun de leschten 8. Si huet mat 6:7, 7:5 a 7:5 géint d'Iga Swiatek aus Polen gewonnen. Am nächsten Tour waart d'Simona Halep aus Rumänien. Déi fréier Nummer 1 vun der Welt war dem Elise Mertens aus der Belsch mat 6:4 a 6:4 iwwerleeën.

D'Garbine Muguruza ka sech och iwwer d'Véierelsfinalle freeën, well si konnt sech mat zweemol 6:3 géint d'Kiki Bertens aus Holland duerchsetzen. D'Spuenierin spillt an der ronn vun de leschten 8 elo géint d'Anastasiya Pavlyuchenkova. D'Russin konnt nämlech d'Angelique Kerber mat 6:7, 7:6 a 6:2 eliminéieren.

Back to Top
CIM LOGO