Klassiker am VëlossportOptakt vun de Courssen an der Belsch mam Alex Kirsch

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend ginn den Omloop Het Nieuwsblad a Kuurne-Bréissel-Kuurne gefuer.
Cyclissem: Optakt vun de Courssen an der Belsch mam Alex Kirsch
Dëse Weekend ginn den Omloop Het Nieuwsblad a Kuurne-Bréissel-Kuurne gefuer.

No laange Méint Virbereedung an éischte Courssen am Déngscht vun der Ekipp, komme fir den Alex Kirsch elo déi Courssen, op déi den 33 Joer ale Coureur sech richteg freet. D’Klassiker spillen zanter Joren eng wichteg Roll an der Saison vum fréiere Lëtzebuerger Champion. Nom Wiessel vu Lidl-Trek bei Cofidis war et wichteg, zesumme mat der Ekipp gutt an d’Saison ze starten,dat ass gegléckt.

Zweemol konnt d’Ekipp Cofidis an der néier Saison gewannen. Fir déi éischte Victoire an der Saison hat de Routinier Bryan Coquard gesuergt, dat andeems hien de Grand Prix la Marseillaise a Frankräich gewonnen hat. Déi aner Kéier war et de jonke belsche Sprinter Milan Fretin, deen op der drëtter Etapp vun der Ruta del Sol a Spuenien dee Séierste war. Vun e Samschdeg u stinn elo ganz intensiv Wochen um Programm a villes steet am Zeeche vun de Klassiker bis Mëtt Abrëll. Hei probéiert den Alex Kirsch seng ganz Erfarung spillen ze loossen.

Grousse Favoritt fir den Omloop Het Nieuwsblad e Samschdeg ass awer den Hollänner Mathieu van der Poel. Den 31 Joer alen Hollänner geet fir déi éischte Kéier bei dëser Course un den Depart an huet kuerzfristeg decidéiert, säin Optakt vun der Saison no vir ze verleeën. 207,2 Kilometer sinn e Samschdeg beim Omloop ze fueren. E Sonndeg steet dann d’Revanche bei Kuurne-Bréissel- Kuurne um Programm. 2019 gouf hat de Bob Jungels zu Kuurne gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO