Op Twitter huet d'Lëtzebuerger Tennisspillerin Mandy Minella wéineg Verstees-de-mech gewisen , dass momentan Quali-Matcher zu Melbourne gespillt ginn.
D'Loftqualitéit wier därmoosse schlecht an et misst een net just un d'Spillerinnen denken, mä och un d'Leit, déi misste schaffen, wéi beispillsweis d'Ball-Kanner.
An eenzele Quali-Matcher hu verschidde Spillerinnen duerch Otem-Problemer missen opginn, dorënner d'Slowenin Dalila Jakupovic.
Am éischten Tour vun der Qualifikatioun kritt d'Mandy Minella et mat der franséischer Tennisspillerin Jessika Ponchet ze dinn, der aktueller Nummer 187 an der WTA-Weltranglëscht. D'Lëtzebuergerin ass aktuell op der Plaz 140.
D'Kritik vum Mandy Minella ass net onbemierkt bliwwen. Esou huet zum Beispill den Internetsite "Eurosport.de" d'Twitter-Bäiträg vun der Lëtzebuergerin opgegraff.