E Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer spillt d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp am Stade Josy Barthel géint den Europameeschter Portugal. Et ass dee leschte Match an dëser Campagne fir d'FLF-Formatioun.
De Luc Holtz huet op der Pressekonferenz e Samschdeg als Zil uginn, datt ee sech op d'mannst 1 Punkt géint Portugal wëll sécheren. Donieft wëllt hien, datt seng Spiller couragéiert, aggressiv a mat engem séieren Ëmschaltspill spillen, genee esou wéi an der 2. Hallschent géint Serbien.
Wat den Terrain am Stade Josy Barthel ugeet, mengt de Lëtzebuerger Nationaltrainer, datt déi schlecht Konditioune méi e groussen Nodeel fir d'Rout Léiwe sinn, wéi fir d'Portugisen.
Vun der Uefa war et e Samschdeg den Owend d'Nouvelle, datt de Match trotz dem net esou gudden Zoustand vum Wuess e Sonndeg am Stade Josy Barthel gespillt gëtt.
Fir de Wuess ze schounen haten d'Rout Léiwen hiren Ofschlosstraining e Samschdeg am Nomëtteg zu Beggen.
E Samschdeg de Moie waren de Cristiano Ronaldo a Co dofir zu Biissen op Besuch. Den Training war net fir de Public op, ma d'Press huet déi éischt 15 Minutten dierfte suivéieren.