4 Nations Cup am DartsJanssen wënnt, Burquel an der 1/2-Finall eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
De Weekend vum 6. a 7. Abrëll war zu Stroossen de 4 Nations Cup am Darts.
© Screenshot

De Lëtzebuerger Tom Burquel huet et an der Konkurrenz mat den hollänneschen, däitschen a belschen Nationalspiller bis an d’Halleffinall gepackt, wou hie vum spéideren Zweete Van Bergen eliminéiert gouf.

An der Finall hat de Van Bergen keng Chance géint de Janssen a verléiert an der Serie-Best-of-9 mat 0:5.

Bei den Dammen huet an enger reng hollännescher Finall an der Serie-Best-of-7 d'Anca Zylstra mat 4:0 géint d'Astrid Trouwborts gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO