Onrou zu HesperFuttballspiller vum Swift solle Pai vum August nach net kritt hunn

RTL Lëtzebuerg
E Freideg soll et an deem Kader och eng Krisesëtzung gi sinn.
© pressphoto (Archiv)

Eisen Informatiounen no, sollen d'Spiller vum Swift hir Pai vum August nach net kritt hunn. Fir d'Pai vum September wär den Delai nach net ofgelaf. D'Onzefriddenheet ass esou grouss, datt eng Rei Spiller am Laf vun der Woch eng Kéier net mat trainéiert hätten.

Et kéim awer och nach bei anere Leit vum Swift ëmmer nees zu Retarden bei der Remuneratioun. Eisen Informatioune no soll och den Dan Theis concernéiert sinn. Den Trainer war mat Hesper opgestigen, huet och nach dës Saison e Kontrakt, gouf awer um Holleschbierg op d'Ofstellgleis gestallt. De fréieren Internationalen hätt och nach näischt vun der Opstigsprime gesinn. Et ass och ze héieren, datt dat Ganzt esouguer op d'Geriicht kéint kommen.

E Freideg soll et eng Krisesëtzung gi sinn. Do soll verséchert gi sinn, datt am Laf vun der nächster Woch d'Spiller hir Pai sollen iwwerwise kréien.

Sportlech leeft et fir den ambitionéierte Club jo och net ronn. Vun de leschte 15 méigleche Punkten, goufen et der just 5. Am Moment steet Hesper no 7 Spilldeeg op der 6. Plaz an der Tabell mat 11 Punkten, 7 Punkten hannert dem Leader F91 Diddeleng.

Back to Top
CIM LOGO