ITF-Tennis-TournoiEléonora Molinaro verléiert d'Finall zu Grenoble

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin muss sech no 3 Sätz mat 7:5, 5:7 an 2:6 géint d'Clara Burel aus Frankräich geschloe ginn.

E Sonndeg ass bei den Dammen d'Finall vum ITF-Tournoi zu Grenoble gespillt ginn. D'Lëtzebuergerin, dat am WTA-Ranking op der 255. Plaz steet, ass do op d'Clara Burel aus Frankräich getraff, dat am Moment kee Ranking huet.

Am Ufank vum Match huet d'Molinaro den Toun uginn an déi éischt 4 Punkte fir sech entscheet. Duerno huet d'Burel awer ëmmer besser an de Match fonnt a konnt der Lëtzebuergerin vill Drock maachen. Dat ass awer ze spéit komm, sou dass den éischte Saz mat 7:5 fir d'Eléonora Molinaro op en Enn gaangen ass.

Am 2. Saz war d'Fransousin dann awer vun Ufank u voll do a konnt de Saz mat 7:5 fir sech entscheeden. Et ass also an den 3. an entscheedende Saz gaangen an deem d'Clara Burel genau sou staark weider gespillt huet. Zum Schluss muss sech d' Molinaro geschloe ginn a verléiert d'Finall zu Grenoble mat 7:5, 5:7 an 2:6.

Back to Top
CIM LOGO