
Um Samschdeg stounge bei den Dammen zu Grenoble a Frankräich d'Halleffinallen vum ITF-Tournoi um Programm. Aus Lëtzebuerger Siicht war et ee ganz erfollegräichen Dag, dëst well sech d'Eléonora Molinaro fir d'Finall qualifizéiere konnt. Hir Géingerin d'Harmony Tan aus Frankräich huet am 2. Saz opginn.
Déi op Plaz 255 am WTA-Ranking gefouert Lëtzebuergerin konnt sech am éischte Saz mat 6:4 behaapten. Am zweete Saz war et och d'Molinaro, dat déi dominant Spillerin war a sou och mat 3:0 a Féierung goung. Duerno konnt d'Géignerin aus Frankräich net méi weiderspillen an huet opginn.
An der Finall um Sonndeg kritt d'Eleonora Molinaro et mat der Franséisin Clara Burel ze dinn. Hei geet d'Lëtzebuergerin als Favorittin an de Match, hir Konkurrentin gëtt aktuell net am WTA-Ranking gefouert.