ITF-Tournoi GuadeloupeEléonora Molinaro steet an der Halleffinall

RTL Lëtzebuerg
Doduerch, datt hir Géignerin Julie Gervais beim Stand vum 3:1 fir d'Lëtzebuergerin am éischte Saz opginn huet, steet d'Molinaro an der Halleffinall.
© Val Wagner / RTL (Archiv)

D'Eléonora Molinaro, déi beim 25.000er-Tournoi zu Petit-Bourg op Véier gesat ass, konnt sech an der Véierelsfinall géint d'Julie Gervais aus Frankräich duerchsetzen. Beim Stand vum 3:1 fir d'Eléonora Molinaro am éischte Saz huet hir franséisch Géignerin missten opginn.

Domadder steet d'Lëtzebuergerin elo an der Halleffinall vum Tournoi.

Back to Top
CIM LOGO