
Fir verschidde Scholden ze bezuelen, déi de Futtball-Club vu Virton nach bei Fournisseuren huet, ass elo e Freideg eng geriichtlech Stee am Stadion vum Veräin ugesat, dat ass e Méindeg an de belsche Medien ze liesen. Bei där Stee sinn ënnert anerem, Frigoen, Tëleeën, Computeren, Trikoten an Trakteren, fir d'Wiss ze méien, ze kréien.
De Club, bei deem och de Lëtzebuerger Geschäftsmann Flavio Becca investéiert huet, kéint seng Scholden awer nach virum Freideg begläichen an da géif déi Stee annuléiert ginn.
Op sportlechem Plang hofft Virton jo nach ëmmer viru Geriicht Recht ze kréien, fir och weiderhin an der zweeter Divisioun, an deemno op professionellem Niveau, kënnen ze spillen. Aktuell misst de Club aus der Gaume an der 4. Divisioun untrieden, déi den Amateur-Status huet.