Tour de France LIVE: Paris Champs-Élisyées > Paris Champs-ÉlyséesDéi eenanzwanzegst Etapp vu 17:45 Auer un op der Tëlee, RTL.lu an um RTL Play

RTL Lëtzebuerg
Den TdF live bis e Sonndeg, de 26. Juli um 1. RTL, op RTL.lu, op der App an um RTL Play gëtt d'Course och am Livestream iwwerdroen.

Déi 21. Etapp vum Tour de France ass kuerzfristeg staark ugepasst ginn. Wéinst dem Feier ronderëm Bordeaux, wou vill Sécherheets- a Rettungskräften am Asaz sinn, feelt et u Personal, fir d'Sécherheet um ursprénglech geplangte Parcours ze garantéieren. D'Distanz vun der Etapp gouf dofir vun 133 op 89 Kilometer reduzéiert. D'Coureure gi mam Bus vun Thoiry, wou den Depart eigentlech hätt solle sinn, bis op d'Champs-Élysées zu Paräis transportéiert. Do ginn um Circuit zwou weider Ronne gefuer.

Zanter dem leschte Joer huet déi lescht Etapp vum Tour de France en neie Charakter kritt. D'Organisateure wollten och dëst Joer net op dee Spektakel verzichten. Um Schlusscircuit geet et dräimol iwwer de Montmartre, eng ronn ee Kilometer laang Montée mat enger duerchschnëttlecher Steigung vu 6,5 Prozent.

Et bleift ofzewaarden, wéi d'Course sech an dësem geännerte Format entwéckelt a wie sech um Enn déi lescht Etappevictoire ka sécheren. Fir de Mann am Giele Maillot Tadej Pogacar wäert et virun allem drëm goen, sécher op d'Arrivée ze kommen an duerno seng Victoire vun engem besonnesch schwéieren Tour de France ze feieren.

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play.
Commentaire: Tom Flammang, Kim Kirchen

21. Etapp - Paris Champs-Élysées > Paris Champs-Élysées, 88,7 km (Flaachetapp)

Weider Infoe vun der 21. Etapp

© Screenshot / TDF

Tour de France: Livestream Programm

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen

Sonndeg, 26. Juli vu 17:45 - 20:25 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Paris Champs-Élysées > Paris Champs-Élysées, 88,7 km

Back to Top
CIM LOGO