Fënnef Terraine, 60 EkippenSport a Summer-Flair beim Luxembourg Beach Open um Gaalgebierg

Christophe Hochard
Déi 31. Editioun vum Luxembourg Beach Open bréngt dëse Weekend 60 Ekippen op de Gaalgebierg zu Esch, wou nieft de Matcher och e feste Partyprogramm usteet.
© Emile Mentz

Um Escher Gaalgebierg gëtt dëse Weekend fir d'31. Kéier den "LBO", de Luxembourg Beach Open, organiséiert. Am Joer 1995 gouf eng éischt Kéier dëse Beachvolleyball-Spektakel ausgedroen.

Op fënnef verschiddenen Terraine gëtt Beachvolleyball gespillt. 60 Ekippen huelen deel, dovunner spillen der 10 an der Kategorie "Mixte".

De Sand, dee vun der belscher Plage kënnt, gouf schonn Deeg virdru preparéiert, grad ewéi Terraine. Dat alles ass eng Mammutorganisatioun, bei där den Escher Volleyballclub responsabel fir d'Organisatioun ass.

Vill Leit a gutt Stëmmung op dësem leschte Juli-Weekend zu Esch um Gaalgebierg also. Um Freidegowend war d'LBO After Work Party ugesot, dat mat dräi verschiddenen DJen. Um Samschdeg ass et dann ëmmer déi legendär "Pitcher Beach Party".

Am Juni goufen d'Qualifikatiounsmatcher beim "Lux Beach Tour" gespillt. Um Weekend vum "LBO" stinn d'Halleffinallen an d'Finalle bei den Dammen an Hären um Programm.

Bei den Hären huet sech an der Halleffinall d'Koppel Colin Hilbert / Steve Weber géint den Duo Loris Centrone / Tim Mangen duerchgesat a spillt e Sonndeg an der Finall géint de Lucas Pernossi an de Matthis Wolff, déi sech géint de Chris Zender an de Chris Zuidberg behaapt hunn.

Bei den Dammen huet sech den Duoe Carlotta Kauka / Lara Picht géint d'Marthe Lorang a Karolina Complak an der éischter Halleffinall duerchgesat, deemno geet et e Sonndeg fir si ëm Gold, dat géint d'Lola Ruellan an d'Nadja Schaus, déi géint d'Nati San Martin an d'Gosia Plusa gewonnen hunn.

Back to Top
CIM LOGO