D'Course live dëse Sonndeg ëm 10:05 Auer op RTL ZWEE an RTL PlayPorsche Supercup Budapest

RTL Lëtzebuerg
Beim Heemspill zu Spa konnt den Chester Kieffer d'Rookie-Wäertung gewannen. Kann de Lëtzebuerger deen Exploit bei der fënnefter Manche an Ungarn widderhuelen?

Spa-Francorchamps war fir den Chester Kieffer (Schumacher CLRT) quasi de perfekte Weekend. Hien ass hannert sengem hollänneschen Teamkolleeg Schuring als zweeten iwwer d'Arrivée gefuer. Hie stoung esou eng alleréischte Kéier um Podium vum General a konnt och seng alleréischt Rookie-Victoire feieren. An der separater Wäertung vun den Nowuesspilote läit hien elo punktgläich mam Italiener Bristot (Dinamic) un der Spëtzt vun der Tabell.

Elo geet et op de kompakten Hungaroring bei Budapest. Dee Circuit kennt den Chester Kieffer nëmme vun engem eenzegen Testdag. Kann hien trotzdeem säi Spa-Exploit do widderhuelen?

Suivéiert de PORSCHE MOBIL1 SUPERCUP BUDAPEST 2026 mat Lëtzebuerger Commentaire live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Login, fir de Porsche Supercup am Stream op RTL PLAY ze kucken

Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn och d’Porsche-Supercup-Contenuen op RTL PLAY elo mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Highlights vun de Porsche-Supercup-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir de Porsche Supercup op RTL PLAY ze bezuelen.

Programm

Course, mir iwwerdroen de Programm op RTL ZWEE an RTL Play

Sonndeg, 26. Juli 2026:
Ufank vun der Emissioun: 10:05
Depart vun der Course: 10:10
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 10:45
Commentaire: Tom Nols

Saison-Kalenner 2026

Back to Top
CIM LOGO