Porsche SupercupStartplaz 2 fir den Chester Kieffer um Hungaroring

Tom Nols
No senger 2. Plaz zu Spa-Francorchamps wäert de Lëtzebuerger an Ungarn nees aus der éischter Rei starten.
Den Chester Kieffer steet an Ungarn an der éischter Startrei
Den Chester Kieffer steet an Ungarn an der éischter Startrei
© Porsche

Am Qualifying fir de Laf vum Porsche Mobil 1 Supercup um Hungaroring bei Budapest ass den Chester Kieffer op déi zweet Startplaz gefuer. De Lëtzebuerger hat um Enn ronn 2 Zéngtel Retard op de Marcus Amand aus Finnland, dee vun der Pole Position an d'Course wäert goen.

Dem Kieffer säin Teamkolleeg a Leader am Championnat Flynt Schuring wäert vu Startplaz 3 fortfueren. Fir de Lëtzebuerger kéint et am General, a besonnesch am Rookie-Klassement, eng gutt Affär ginn, well all seng direkt Konkurrenten, zum Deel e gudde Krack, vu méi wäit hanne wäerten starten.

Mir iwwerdroen e Sonndeg de Moien d'Course aus Ungarn vun 10:05 Auer un op RTL Zwee an RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO