
Dës Informatioun huet en Dënschdeg de President vu sengem Club, dem FC Porto matgedeelt. Iert den Iker Casillas seng Kandidatur fir President vun der spuenescher Futtballfederatioun ze ginn erareecht, wollt hien als éischt offiziell seng Profi- op en Enn bréngen.
Schonn e Méindeg hat den 38 Joer ale Star-Golkeeper op Twitter wësse gedoen, dass hien de Poste bei der Federatioun wéilt kréien an dass hien 2020 kandidéiere wäert.