Schi AlpinClara Direz setzt sech am Parallelslalom duerch

RTL Lëtzebuerg
Bei den Häre gouf et zu Wengen eng Victoire fir de Virjoresgewënner Clément Noël.
© AFP

Hei konnt sech d'Franséisin Clara Direz duerchsetzen an domat hir 1. Victoire am Weltcup feieren. An der Finall ass si géint d'Elisa Mörzinger ugetrueden an huet sech um Enn mat engem Virsprong vun 22 Honnertstel kënne behaapten. Déi 3. Plaz war fir d'Marta Bassino aus Italien.

Bei den Häre gouf et, wéi schonn zejoert, och dëst Joer eng Victoire vum Fransous Clément Noël beim Slalom zu Wengen. Hien huet keen anere wéi den Henrik Kristoffersen aus Norwegen hannert sech gelooss a sech esou d'Victoire geséchert. Den 3. gouf den Alexander Choroschilow aus Russland.

Back to Top
CIM LOGO