
Laang ass näischt geschitt am King Abdullah Sports City Stadion a Saudi-Arabien. Et war awer direkt no der Paus, wéi Atlético duerch de frech agewiesselte Koke a Féierung konnt goen. De Messi konnt dunn an der 51. Minutt ausgläichen an de Griezmann, dee fréier selwer bei Atlético gespillt huet, huet säin neie Veräin an der 62. Minutt a Féierung bruecht.
Ma et sollt net bei dësem Resultat bleiwen. An der 80. Minutt huet de Golkipp vu Barcelona Neto de Vitolo gefoult an den Arbitter huet net gezéckt, fir op de Punkt ze weisen. Den Morata huet dësen Eelefmeter verwandelt.
Ausgangspunkt vum entscheedende Gol war dann nees de Morata, deen de Correa mat enger propperer Pass an d'Déift geschéckt huet, esou datt dësen den 3:2 fir seng Faarwe markéiere konnt.
An der Finall vun der Super Cup, bei där zanter dem leschte Joer 4 Ekippen mat dobäi sinn, trefft den Atlético Madrid am Derby op Real. Déi konnte sech schonn e Mëttwoch mat 3:1 a Saudi Arabien behaapten.