
Déi norwegesch Futtballfederatioun NFF huet elo gefuerdert, datt den Gianni Infantino als President vun der FIFA zerécktrëtt, esou d'Lise Klaveness e Freideg. "Mir wäerten de FIFA-President opfuerderen, fir elo zeréckzetrieden", sot si géintiwwer Reporter een Dag, nodeem sech d'Spëtzt vun der norwegescher Federatioun getraff huet. D'NFF zielt zu de gréisste Kritiker vum Chef vun der FIFA, dee jo den nächste Mäerz als President vun der internationaler Futtballsfederatioun wëll zeréckgewielt ginn.
D'UEFA wéi och déi englesch Federatioun hu sech matgedeelt, datt si dem Schwäizer d'Vertrauen entzéien an hien net méi ënnerstëtzen.