
Net nëmme bei den FLF-Dammen, mee och bei hirem Veräin 1. FC Nürnberg iwwerhëlt d'Laura Miller Responsabilitéit. De Veräin aus der éischter däitscher Damme-Liga huet en Dënschdeg annoncéiert, datt déi 24 Joer al Lëtzebuergerin zesumme mat hirer Matspillerin Nastassja Lein d'Roll vun der Kapitänin iwwerhëlt.
Dës Tâche huet d'Laura Miller jo well an der Lëtzebuerger Dammennationalekipp. Nom Transfert vum Standard Léck d'lescht Saison geet d'Mëttelfeldspillerin an hir zweet Saison zu Nürnberg.